Natur, Ëmwelt & Klima
Staffelung vun de Waasserpräisser

Duerch de Klimawandel wäerten d’Waasser an Europa, an och zu Lëtzebuerg, ëmmer méi knapp ginn. An enger rezenter Etüd mécht den European Parliamentary Research Service eng Analyse vum Waassermangel, deen an den nächste Joren op eis wäert duerkommen, grad mam Klimawandel. Et ass wichteg, dass mir eis all haut scho preparéieren, fir verantwortungsvoll mam Waasser ëmzegoen. Proppert Waasser ass iwwerliewenswichteg. Proppert Waasser sollt an den Haushalter virun allem dofir genotzt ginn, fir konsumméiert ze ginn. Wien Drénkwaasser notzt, fir seng Schwemm ze fëllen, sollt fir de Liter och méi bezuelen, wien deen, deen seng Grondbedürfnisser deckt. An der Äntwert op meng Fro n°1489 hat d’Regierung geschriwwen, dass si sech nach net mam Aféiere vun engem gratis Volumen un Drénkwaasser ausernee gesat hat. Am Koalitiounsaccord ass Ried vun engem harmoniséierte Waasserpräis. Des Weideren hat den Inneminister an der Chamber am Februar 2025 erkläert, dass dat lëtzebuergescht Waassergesetz et net erlabt, fir ee gratis Volumen un Drénkwaasser ze ginn an direkt um Präis z’intervenéieren, mee dass d’Gemengen sozial Moossnahmen huele kënnen, fir dass d’Leit d’Käschten manner erdroen. A Frankreich ginn et Gemengen, wou déi éischt Liter Drénkwaasser pro Dag gratis sinn oder ee symbolesche Präis kaschten. Ee Woxx-Artikel vun 2023 erkläert: „In Dunkerque zum Beispiel wird für die ersten 80 Kubikmeter jährlich (etwa 220 Liter täglich) ein symbolischer Preis berechnet, danach wird es teurer.“
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Léisst déi lëtzebuergesch Gesetzgebung (notamment d’Waassergesetz vun 2008) eng sozial Staffelung vum Drénkwaasserpräis zou a kéint eng Gemeng esou eng sozial Staffelung fir d’Haushalter aféieren, wa se dat wéilt?
Wëll d’Regierung eng Ännerung vum Gesetz proposéieren, fir dass déi éischt Liter Drénkwaasser, wéi a Frankreich, och kéinte gratis zur Vergügung gestallt ginn?
QP Nummer 2233