Connect with us

Mobilitéit

Konsequenze vun den Energiepräisser fir d’Busgesellschaften – Nofro

An de Froen n°2732 a 5929 hunn ech mech scho beim Minister iwwert d’Zukunft vun de Gas-Busse beim TICE an de Konsequenze vun den héijen Energiepräisser informéiert. D’Situatioun huet sech säit dem Mee wat dës Punkten ugeet net verbessert. De Minister hat erkläert, dass et beim RGTR an dem TICE zu automatesche Budgetsupassunge wéinst den Dreifstoffkäschte ka kommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Mehrausgaben erginn sech beim TICE zur Zäit duerch d’Erhéijung vun den Dreifstoffpräisser? Hunn sech d’Previsiounen aus der Äntwert n°5929 geännert?

  2. Wat fir konkret Schrëtt si virgesinn, fir d’Busser mat Gasuntrieb beim TICE duerch emissiounsfräi Busser z’ersetzen? War den Akaf vu Busser mat Gasuntrieb eng Feelentscheedung?

  3. An der Fro n°5929 sot de Minister: ““Aleedend ass ze rappeléieren, datt de Staat sech un den Exploitatiounskäschten vum TICE bedeelegt andeems en sech un de Critèren orientéiert déi am RGTR ugewand ginn, dëst laut der aktueller Konventioun tëschend dem Staat an dem TICE. Dat wat iwwer d’Critèren vum RGTR erausgeet geet zu Laaschte vun de Gemengen.“” Bedeit dëst, dass d’Mehrausgabe ganz vum Staat gedroe ginn oder geet hei och ee Prozentsaz zu Laaschte vun de Gemengen?

  4. Kann de Minister garantéieren, dass och bei weider steigende Präisser all d’Linne vum RGTR an dem TICE plangméisseg gefuer ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6744

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert