Connect with us

Integratioun

Start vun der Wanteraktioun

D’Wanteraktioun geet traditionell den 1ten Dezember op an den 31te Mäerz zou. An der Vergaangenheet hunn ech d’Madamm Ministesch scho gefrot, fir d’Wanteraktioun éischter ze starten (N°1496). 2020 war se schonn de 16ten November opgaangen, 2021 den 23ten November.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert d’Wanteraktioun 2022-2023 méi fréi seng Dieren opmaachen, esou dass d’Leit scho kënnen virum 1ten Dezember do schlofen?

  2. Ass d’Madamm Ministesch nach ëmmer der Meenung, dass d’Wanteraktioun net iwwert de Wanter eraus op bleiwe sollt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6971

Continue Reading