Connect with us

Gläichberechtegung

Eng Wanteraktioun fir Summerhëtzt

Wäit Deeler an Europa befannen sech aktuell erëm an enger Hëtzewell, déi virun allem déi Schwächsten an eiser Gesellschaft mat voller Wucht trëfft. Leit, déi op der Strooss liewen, hunn net vill Méiglechkeeten, fir sech virun den héijen Temperaturen ze schützen. Grad an Zäite vum Klimawandel, wou mer ëmmer méi mat Wierderextreme wäerten ze kämpfen hunn, gëllt et di Schwächsten an eiser Gesellschaft viru sengen Auswierkungen ze schützen. Zu Berlin wëll een hei elo aktiv ginn: wéi de Berliner Kurier mellt, ginn do speziell Noutënnerkënft op, wann d’Temperaturen erop ginn. De Grondgedanken ass änlech wéi bei der Wanteraktioun: d’Leit gi virum extreme Wieder geschützt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Gëtt dëst Konzept och schonns zu Lëtzebuerg applizéiert a falls jo, wou?  Falls nee, wäert d’Regierung hei handelen, fir nach an dësem Summer esou eng Noutënnerkonft zur Verfügung ze stellen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6519

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert