Connect with us

Police & Arméi

Gemeinsame Batailloun mat der Belsch

Et gouf vu Säite vum Verdeedegungsministère a vun der Arméi ugekënnegt, dass ee gemeinsame Batailloun tëschent Lëtzebuerg an der Belsch soll realiséiert ginn. Dem Chef d’Etat Major sengem Interview vum 1te Juli 2022 op RTL no, solle 700 Leit an dëse Batailloun kommen, wouvunner Lëtzebuerg d’Hallschent, also 350 Zaldoten, stelle soll. Dës 350 Zaldote missten, dem Chef d’Etat Major no, net zousätzlech rekrutéiert ginn, well ee scho kéint op ee Pool vun 250 Zaldoten zeréckgräifen, déi scho fir d’NATO disponibel sinn. Et misst een deemno „nëmmen“ zousätzlech 100 Zaldote rekrutéieren, fir de Batailloun kënnen z’assuréieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Zaldoten a wéi vill Militaire de Carrières feelen aktuell bei der Arméi? 

  2. Ass bei deene genannten Zuele vun 100 zousätzlechen Zaldoten och den aktuelle Personalmangel matagerechent? Falls net, wéi vill Zaldote mussen zousätzlech zum Batailloun nach agestallt ginn?

  3. Wéi vill Zaldote wieren mam Aféiere vum Batailloun nach fir aner Missiounen (z.B. OMP) disponibel a wéi wäert de Minister dofir suergen, dass et méiglech bleift, fir dës Missiounen oprecht z’erhalen? 

  4. Wéi wëll d‘Arméi an Zukunft hire Missiounen heiheem gerecht ginn, wann eng Majoritéit vum operationellen Deel vum Personal am Ausland stationéiert wäerte sinn?

  5. Gëtt d’Personal vun der Arméi an Zukunft duebel verplangt, fir souwuel am binationale Batailloun, wéi och op enger OMP-Missioun, deelzehuelen?  Gëtt d’Personal och schonn aktuell duebel verplangt a falls jo, fir wéi eng Aktivitéiten?

  6. Wéi wäert d’Fro vun der Proprietéit vun den Infrastrukturen an dem Material am Batailloun gehandhaabt ginn? 

  7. Ass virgesinn, fir dee logisteschen Deel direkt mat an der Belsch ze stationéieren?

  8. Wéi wäerten d’Militärausgabe vum gemeinsame Batailloun Lëtzebuerg an der Berechnung vun den NATO-Bäiträg zegutt kommen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6527

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert