Connect with us

Police & Arméi

Personalmangel bei der Arméi

D’Arméi deet sech zënter Jore schwéier, fir Zaldoten a Personal ze rekrutéieren. De Chef d’Etat Major sot an engem RTL-Interview vum 1te Juli 2022, dass ee mierkt, dass de Rekrutement méi schwiereg gëtt, wann d’Konjunktur gutt ass an d’Aarbechtslosegkeet déif. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°1601 vun 2019 war och ugeklongen, dass a Joren, an deenen d’Verwaltunge vill Leit astellen, dës um Aarbechtsmaart mat der Arméi konkurréieren. Eng Konklusioun, déi een dorausser zéie kann, ass, dass d’Arméi insgesamt muss méi attraktiv ginn, fir um Jobmarché kënne matzehalen. D’Chance dofir bitt sech, well de Minister wëll bis 2028 d’Militärausgaben op bal eng Milliard (1% vum Bruttoinlandprodukt) erhéijen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Opgelëscht pro Joer, zënter 2017, wéi vill Persounen 1. ware fräiwëlleg Zaldote bei der Arméi? 2. ware professionell Zaldote bei der Arméi? 3. waren an ziville Karriären agestallt? 4. si vun der Arméi rekrutéiert ginn? 5. hunn d’Arméi verlooss? 6. sinn a Pensioun gaangen? 7. hunn d’Arméi fréihzäiteg verlooss (Civil, SdtVol a Berufsmilitaire)?

  2. Op déi lescht 10 Joer gekuckt, wéi vill Prozent vun den Zaldoten hunn hire Kontrakt vun 3 Joer net erfëllt a wéi vill Prozent kruten e verlängert?  Wéi vill Prozent kruten hire Kontrakt ëm 1 Joer nom Auslafen  verängert a wéi vill Prozent ëm 2 Joer, ëm 3 Joer, etc.?

  3. Wéi vill Zaldoten a Militaire de Carrières feelen aktuell an de Reien am Verglach zu de Recrutementspläng vun der Arméi? 

  4. Wéi schonns erwäänt, wäerten d’Militärausgabe bis 2028 op 1% vum PIB erhéicht ginn. De Minister hat och schonn d’Beräicher presentéiert, an deenen een d’Arméi verstäerke wëll. Dorënner falen, den Dokumenter op gouvernement.lu no, folgend Punkten: • Acquisition du matériel et des équipements militaires nécessaires (Systèmes de communications, véhicules, armements et munitions); • Mise en place d’un stock de munitions selon les exigences OTAN; • Mise en place de l’infrastructure nécessaire pour le soutien du bataillon. • Assurer le maintien en condition, la modernisation et le développement de nos capacités existantes (A400M / MRTT); • Continuer et développer la contribution luxembourgeoise aux programmes de surveillance aérienne de l’OTAN ( AWACS – Alliance Ground Surveillance (AGS) –Alliance Future Surveillance Concept (AFSC)) afin de garantir leur opérationnalité; • Soutenir et développer la fourniture de service (ISR/Evacuation Médicale/Transport) à nos partenaires au sein des organisations dont le Luxembourg fait partie. • La poursuite et le développement des capacités des systèmes aériens de surveillance et d’observation pilotés à distance (UAS/RPAS); • L’élargissement et le développement de nos capacités dans le domaine spatial en ligne avec notre Stratégie spatiale de défense, publiée en 2022:• Communication satellitaire (SATCOM) • Earth Observation (LUXEOSys) • Space Situational Awareness • Clean Space • Le développement de nos capacités de défense et de sécurité cyber; • Les investissements dans l’infrastructure militaire à travers:• […] • La rénovation et le maintien de l’infrastructure militaire nationale et internationale au Luxembourg. 1. Wéi verdeelen sech déi zousätzlech Militärausgaben op déi hei uewe genannte Beräicher?  2. Wéi personalintensiv sinn déi virgestallte Projeten? Muss d‘Arméi dës Spezialisten (z.B. Défense spatiale) rekrutéieren a falls jo, existéiert hei eng Strategie, fir déi richteg Profiller kënnen ze rekrutéieren? 

  5. Existéiert eng längerfristeg Visioun, fir déi ënnescht Karriären an der Arméi a fir den Zaldot an den nächste 5 Jore méi attraktiv ze maachen? 

  6. Existéiert eng längerfristeg Visioun, fir d’fräiwëlleg Zaldoten no der Durée de Service laangfristeg un d’Arméi ze bannen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6520

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert