Connect with us

Police & Arméi

Rekrutements-Kampagne bei der Arméi

A menger parlamentarescher Fro n°6520 hat ech op d’Rekrutementsproblemer bei der Arméi opmierksam gemaach a wollt Informatiounen dozou hunn, wéi de Personalmangel bei der Arméi gehandhaabt gëtt. Eng wichteg Roll spillt hei natierlech d’Unzéie vun neien Zaldoten a Personal. 

An engem Artikel an der Zeitung vun der CGFP gouf mat Bedauere festgestallt, dass d’Arméi an Zukunft hei keng Annonce méi wäert schalten. Dozou kommentéiert d’CGFP esou: “Ob die Entscheidung der Armeespitze mit Blick auf bestehende und anhaltende Einstellungsprobleme innerhalb der Luxemburger Armee die richtige ist, sei mal dahingestellt. Gleichermaßen darf daran gezweifelt werden, ob die Veröffentlichung von Jobanzeigen in Gratisblättern, die vorwiegend von Pendlern gelesen werden, einer adäquaten Verwendung von Steuergeldern gleichkommt, um die Rekrutierungsprobleme auf dem Herrenberg zu lösen – ebenso wie die Ausstrahlung von kostspieligen Werbespots in Kinosälen im Süden des Landes mit gerade mal sechs Kinobesuchern in einer Vorstellung.”

A menger Fro n°4623 hat ech Bedenken zu engem Werbevideo vun der Arméi ausgedréckt, wou och den Ëmgang mat Waffen a de Virdergrond gestallt gouf. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Suen huet d’Arméi zënter 2017 fir Publicitéit ausginn (opgeschlësselt no Joer)? 

  2. Wéi verdeelen sech dës Ausgaben, opgeschlësselt no Joer zënter 2017, op déi verschidde Medien • Radio? • Télé? • Kino? • Zeitungen (opgelëscht no Zeitung)? • Social Media (opgelëscht no Kanal)? • Werbematerial fir Stänn? • Annoncen am ëffentleche Raum (Bornen, Plakater, etc.)?

  3. Wéi héich waren d’Ausgabe fir déi eenzel Werbeagencen, déi d’Arméi mat Campagnen an der Diffusioun beoptraagt huet, zënter 2017 (opgelëscht no Joer)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6571

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert