Connect with us

Questions parlementaires

Gëtt et een Schwaarzmart fir Nummerplacken?

Zu Lëtzebuerg ass et méiglech, fir een Oppräis eng personaliséiert Plackennummer ze kréien. Laut mengen Informatioune kann een déi Placken awer just bei enger Neiumeldung vum Auto mat umelle loossen. 

Wéi de Minister op meng Virrecht Fro erkläert huet, ginn et eng Réi verschidden Autosplacken, déi zu Lëtzebuerg nach an Ëmlaf sinn. Dës solle lues awer sécher aus dem Verkéiers bezu ginn, wéi de Minister schreift, de Risk besteet, dass domat „Handel bedriwwe gëtt“.  
 
Mir Piraten hunn dofir beim Minister nogefrot, op et wierklech ee Schwaarzmaart fir Autosplacke gëtt.
 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et net méiglech, seng Placken duerch eng personaliséiert Plack zu all Moment z’ersetzen? Wa jo, firwat ass dat esou?

  2. Existéiert fir déi 4 stelleg Placken eng Waardelëscht oder ähleches? Ginn et hei Krittären no deenen ee kann an der Waardelëscht opsteigen?

  3. Wéi vill fënnefstelleg personaliséiert Placke sinn nach disponibel? 

  4. Wéi vill Gefierer vum Baujoer bis 31.12.1974 mat 5 stellegen Nummerplacke sinn aktuell ugemellt?

  5. Wéi vill Gefierer vum Baujoer nom 1.1.1975 mat 5 stellegen Nummerplacke sinn aktuell ugemellt?

  6. Wéi vill personaliséiert Nummerplacke vu 5 Zuele besëtzen déi 5 Persounen, Firmen etc., déi am meeschte personaliséiert Nummerplacke besëtzen (ugemellt an temporär ofgemellt)?

  7. Envisagéiert de Minister nei Formater u personaliséierten Nummerplacken (zum Beispill mat eegenen Numm drop)? Falls nee, firwat net?

  8. Zanter wéini ginn et personaliséiert Nummerplacken?

 

Fro 2:

  1. Ass de Minister der Meenung, dass mat kenger Autoplack sollt Handel bedriwwe ginn? 
    Wa jo, op wéi eng Manéier stellt de Minister sécher, datt keen Handel bedriwwe gëtt mat de véierstellege personaliséierte Placken, respektiv de fënnefstellege personaliséierte Placken?
  2. Firwat geet den Här Minister dovun aus, dass Handel mat de Placke bedriwwe gëtt? Sinn dem Minister Fäll vun Handel mat Placke bekannt? 

Fro 3:

  1. Sinn d’Placken aus dem „ancien régime de numéros de plaques“, déi aktuell am Ëmlaf sinn, konform zu europäeschem Recht?
  2. Wäert de Minister et an Zukunft méiglech maachen, fir eng Plack aus dem „ancien régime de numéros de plaques“ ze halen, falls den Auto virum 1.7.2003 eng éischte Kéier ugemellt ginn ass? Wann nee, firwat net?
  3. Envisagéiert de Minister d’Aféiere vun enger Prozedur, déi et géif erlaben, fir eng Plack aus dem „ancien régime de numéros de plaques“ ze verierwen? Wa net, firwat net?
  4. Aus wéi engem Joer datéiert déi eelsten Nummerplack aus dem „ancien régime des numéros de plaque“, déi aktuell nach am Ëmlaf ass (ugemellt an temporär ofgemellt)?
  5. Firwat léisst de Minister keng Zuelen a Buschtawekombinatioun nom „ancien régime de numéro des plaques“ zou – och wann een Dimensioune vun der Plack un haiteg Standarde géing upassen?
  6. Gedenkt de Minister d’Placken aus dem ancien régime als personaliséiert, persounebezunne Plack unzëerkennen? Wann net, firwat net? 
  7. Ass laangfristeg ugeduecht, fir d’Zuelen a Buchstawekombinatiounen aus dem „ancien régime de numéros de plaque“ fir d’Plaques spéciales ze notzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6603 +6604 +6605

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert