Connect with us

Police & Arméi

Erneierung vun der Policeflott – Nofro

An der parlamentarescher Fro Nr°5749 vum 11te Februar 2022 hunn ech mech iwwert déi néi Acquisitioun bei der Police informéiert.
An der Äntwert vum Ministère gouf iwwert d’Elektromobilitéit, den CO2-Ausstouss an déi zousätzlech bestallten Optiounen Auskunft ginn.    

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Euro huet de Ministère säit 2017 pro Joer an d’Elektromobilitéit investéiert?
    Wéi stinn des Investitioune prozentual zum Total vun de järlechen Depensen?

  2. Firwat sinn nëmmen 30% vun de Kommissariater mat Elektrobornen equipéiert? 

  3. Gëtt et ee konkrete Plang bei der Police, wéi een ee méi héijen Taux un Elektrobornen an noer Zukunft realiséiert?
    Wann jo, bei wéi vill Prozent géing deen Taux béi Erfëllung vum Plang léien a bis wéini? Wéi vill Schnellluetstatioune falen hei drënner?

  4. Wéi vill Autoen (opgelëscht no EURO Norm) ëmfaasst déi gesamt Policeflott?
    Wéi vill dovunner sinn elektresch Autoen?
    Wéi vill vun den elektreschen Autoen hunn eng Leeschtung vu manner wéi 18kWh a wéi vill vu méi wéi 18kWh?

  5. Wéi vill CO2-Emissioune kéint pro Joer duerch d’Ersetzen vun de 96 EURO 5 Norm Autoen duerch d’EURO 6 Norm Autoen agespuert ginn?
    Wéi vill CO2-Emissioune verursaacht déi ganz Policeflott pro Joer?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5999

Äntwert

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert