Connect with us

Natur, Ëmwelt & Klima

Waasser spueren am Summer: gëllt dat och fir Fussballfelder?

Wärend laangen Dréchenten am Summer kënnt et vir, dass d’Leit opgeruff ginn, Waasser ze spueren. Den 13te Juli 2022 hunn den Ëmweltministère an d’Waasserwirtschaftsamt eng „Phase de vigilance“ aktivéiert, déi d’Waasserkonsomatioun betrëfft. Niewent Recommandatioune fir Privatleit enthält de Communiqué och en Appel un d’Entreprisen an d’Gemenge mat de Wieder: “Secteur communal et professionnel: Cet appel s’adresse également aux communes et aux entreprises, qui peuvent limiter l’utilisation de l’eau potable au strict nécessaire, notamment en optimisant l’arrosage des espaces verts, en évitant l’utilisation des nettoyeurs à haute pression, ou encore en mettant à l’arrêt les fontaines publiques.” Den Normalbierger muss an deem Fall seng Ustrengunge maachen, fir Waasser ze spueren a soll, zum Beispill, dobausse keng Autoe méi wäschen oder de Gaart mat Drénkwaasser netzen. Et gesäit een op verschiddene Plazen am Land zur gläicher Zäit awer, dass riseg Fussballfelder owes wärend Stonne genat ginn. A verschiddene Fäll sinn et d’Gemenge selwer, déi d’Terrainen netzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gëtt d’Drénkwaassersituatioun wärend Dréchente bei Sportaarte gehandhaabt, déi hire Sport um Wues ausüben? 

  2. Sollen och Sportsclibb, Associatiounen a Gemengen, ab deem Moment, wou eng Vigilance ausgeruff gëtt, sech un d’Waasserpuersmoosnahmen halen? 

  3. Fällt d’Netzen vu groussen Sports-Terrainen a Parken och ënnert d’Waasserspuermoossnahmen, wann d’Privatleit gesot kréien, si sollen hire Wues net netzen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6528

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert