Connect with us

Bildung & Fuerschung

Restitution du congé parental

Eltere vun engem Kand ze sinn, bedeit fir vill Familljen an Elengerzéiender ee Jongléieren tëscht Beruff a Famill. Mat der Reform vum Congé parental gouf am Joer 2016 ee Schrëtt gemaach, fir d’Elteren an hirem Alldag z’entlaaschten. D’Iddi vum Congé parental ass et jo, dass en Elterendeel méi Zäit an d’Erzéiung vu senge Kanner investéieren a gläichzäiteg op ee reegelméissegt Akommes ziele kann. D’Héicht vum Kannergeld ass dobäi awer plafonéiert, an dat aktuell op ee Montant vu ronn 3900€, wann een de Congé parental Vollzäit hëllt bei enger 40-Stonne-Woch.

D’Gesetz vun 2016 gesäit am Artikel 307 Paragraf (9) vir, dass een Elterendeel, dee säi Congé parental fräiwëlleg ënnerbrécht, all déi ausbezuelten Hëllefen, déi e schonns erhalen huet, un d’Zukunftskeess muss zeréckbezuelen.  Mir si Fäll bekannt, wou Persoune wéinst der aktueller Präisdeierecht, den Zënserhéijungen op den Immobiliëprêten a wéinst der Plafonnéierung vun den Indemnitéite finanziell net méi iwwert d’Ronne kommen a dowéinst erëm komplett wëlle schaffen.

D’Dispositioun, dass d’Leit dann awer alleguerten d’Hëllefe mussen zeréckbezuelen, erschéngt an deem Kontext eng iwwerdriwe Strof ze sinn, ugesiichts dovun, dass d’Eltere bis zum Moment vun der Ënnerbriechung vum Congé parental jo awer fir hir Kanner do waren.  Am Commentaire des Articles vum Gesetzesprojet 6935, mat deem d’Gesetz geschaf gouf, ass zu dëser Dispositioun iwwregens kee spezielle Grond genannt ginn, firwat de Legislateur dës Iddi als opportun empfënnt. Se bréngt d’Leit awer, ënnert den aktuellen Ëmstänn an, fir eng gewëssen Zäit an eng prekär Situatioun. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Ministesch der Meenung, dass d’Strof vun der Restitutioun vun de schonn erhalenen Zommen déi richteg Approche ass?

  2. Hält d’Ministesch weider un der Dispositioun fest, dass Persounen déi hire Congé Parental ofbriechen, déi erhalen Zommen integral mussen un d’Zukunftskeess zeréckbezuelen?  Falls jo, firwat?  Falls nee, wéi eng Ännerunge sinn hei virgesinn?

  3. Wäert d’Zukunftskeess an Zukunft d’Leit besser doriwwer informéieren, a wéi enge Fäll si mussen déi erhale Suen erëm zeréckginn?

 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6542

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert