Connect with us

Bildung & Fuerschung

Schoulmaterial fir Enseignanten

Duerch d’Pandemie huet den Télétravail ganz nei Ausmoossen ugeholl. Esou hunn och d’Enseignantë méi op dësen Outil missten zréckgräifen, an daat virun allem a Wochen, wou Homeschooling misst gemaach ginn, wéi z. B. am Februar d’lescht Joer. Dofir hat ech dem Minister eng Fro ( n°5505) zum Material iwwert den Télétravail am Enseignement gestallt. An der Äntwert huet de Minister erkläert:

„Wéi schonn an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro Nr. 5137 erkläert, ass et den Enseignanten, déi an den ëffentleche Grondschoulen intervenéieren, méiglech, bei der Realisatioun souwuel vun de schouleschen Aktivitéite wéi och vum “Enseignement à distance”, op dat informatescht Material zeréckzegräifen, dat hinnen an de Schoulen zur Verfügung steet. Dëst gëllt och fir den Enseignement secondaire: D’Lycéeën hu genuch Material, dat si den Enseignanten zur Verfügung stelle kënnen. Ausserdeem gëtt et am Enseignement secondaire de Programm “IT for Teachers” (IT4T), deen eng Mise à disposition vun iPads oder Laptoppe fir d’Enseignantë virgesäit.“

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Computere sinn an de Lycéeën installéiert? Wéi vill Prozent heivu si PCen a wéi vill Prozent si Laptoppen, déi d’Personal ka mat Heem huelen?

  2. Wéi vill Laptoppen an Ipade goufen an deene leschten 2 Joer iwwert den IT4T Programm un d’Proffen ausgeléint?

  3. Wat fir Net-elektronesch Material kënnen d’Proffen an de Lycéeën zur Verfügung gestallt kréien (Bicher, Kaarten, Konschtmaterial, ect.) ?

  4. Wat fir Material gëtt an den Ae vum Minister am meeschte vun de Proffe gebraucht, fir d’Preparatioun fir d’Coursen doheem? 

  5. Am Fall vun der Ofsetzung vu Material esou wéi der Stroum- an Heizrechnung fir den Télétravail iwwert d’Steier ginn et verschidden Ongläichheeten. Esou dierfe Persounen nëmme Material ofsetzen, wann se Proprietär vun hirem doheem sinn, an ee Raum just fir d’Aarbecht hunn, an d’Material exclusiv fir d’Aarbecht benotzen.  Wéi steet de Minister zur Iddi, dass all d’Material, dat een Enseignant brauch fir seng Aarbecht a wat en net vum Lycée oder dem Ministère gestallt kritt, vun de Steiere kann ofgesat ginn, och wann déi uewe genannte Konditiounen net erfëllt sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5831

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert