Connect with us

Gemengen & Innepolitik

Ligne éditoriale am Gemengebuet

D’Gemengegesetz gesäit keng speziell Krittäre fir d’Inhalter am Gemengebuet vir, mee den Editeur vum Gemengebuet ass dorunner gehalen déi Krittären ze respektéieren, déi fir all Medie gëllen. Dëst war een Deel vun der Äntwert op eis parlamentaresch Fro n°1969. 

Mir ass zougedroe ginn, dass an enger Gemeng am Süde vum Land, ee Gruppement vu Gemengeréit, déi sech an enger Biergerinitiativ zesummegedoen hunn, Problemer mat der Aart a Weis hunn, wéi de Schäfferot si am Gemengebuet duerstellt. Wéi een an enger Ausgab vum Gemengebuet noliese kann, gouf den Numm vun der Biergerinitiativ an enger eenzeger Ausgab 8 Mol ënnerschiddlech geschriwwen. No Kontestatioune vun de betraffene Gemengeréit steet elo, an enger zweeter Ausgab, nëmmen nach ee Kierzel ënnert den Interventiounen am Buet, wat net de richtegen Numm ass an och net esou vum Kollektiv gefrot gouf. D’Biergerinitiativ freet ganz kloer, dass hiren Numm esou opgefouert gëtt an net no Interpretatiounsdivergenze vum Schäfferot geännert gëtt. De Problem ass, dass esou d’Leit, déi de Buet liesen, domadder verwiert ginn, well si den Numm vun der Biergerinitiativ am Buet net méi erkennen. 

Politik ass och Ëffentlechkeetsaarbecht a grad kleng Initiativen, Beweegungen a Parteie sinn drop ugewisen, dass de Bierger kloer kann erkennen, fir wat hier Gemengeconseillere stinn a fir wat si sech asetzen. De Gemengebuet ass fir vill Gemengeréit eng vun den eenzege Méiglechkeeten, fir dass de Bierger breetflächeg eppes vun hirer politescher Aarbecht gewuer gëtt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Mengt d’Ministesch net och, dass de Schäfferot als Editeur vum Buet hier politesch Oppositioun neutral a mam ganzen Numm nenne missten, falls dëst vun de betraffene Gemengeréit gefrot ass?

  2. Weisen esou Fäll net drop hin, dass et speziell Reegele fir d’Editioun vu Gemengebuete bréicht, grad wann ee weess, dass dës Gemengebuete mat Steiergelder finanzéiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5843

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert