Gemengen & Innepolitik
Wéi gëtt d’Sécherheet vum Gemengepersonal an de Gemengegebaier garantéiert?
![](https://goergen.lu/wp-content/uploads/2020/03/2019-09-18-07.32.27-1.jpg)
Ee Gemengenhaus ass en ëffentlecht Gebai, dat fir all Bierger zougänglech ass. A ville Gemengegebaier ass et awer esou, dass Visiteuren, gréisstendeels onkontrolléiert a fräi duerch d’Gebai zirkuléiere kënnen. Am Verglach dozou ass a verschiddene Ministèren den Accès méi streng gereegelt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi eng national Reegele suerge fir d’Sécherheet vum Gemengepersonal an de Gemengenhaiser?
-
Ass d’Ministesch der Meenung, dass d’Sécherheetskonzept fir d’Gemengepersonal an de Gemengenhaiser genuch ausgebaut ass?
QP Nummer 6206