Natur, Ëmwelt & Klima
Sudenergie verhënnert den Ëmbau op erneierbar Energien?
Mir gouf ee Fall zougedroen, wou eng Persoun an hirem Haus wollt d’Gasheizung duerch eng ëmweltfrëndlech Wärmepompel ersetze loossen, dëst awer duerch hire Kontrakt mat hirem Gasliwwerer verbuede krut. Et handelt sech beim Gasliwwerant ëm d’Firma Sudenergie, enger Aktiegesellschaft, déi 14 Südgemenge gehéiert.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Huet de Staat eng Handhab driwwer, wa Leit hier Heizung wëlle renovéieren, mee dëst an engem Kontrakt tëscht dem Energieliwwerant an dem Konsument verhënnert gëtt?
-
Wéi vill Fäll goufen de Ministèrë bis elo matgedeelt, bei deene Persounen net aus hirem Kontrakt erauskommen, fir energetesch Sanéierungen duerchzeféieren?
-
Wéi wäert d’Regierung dofir suergen, dass an Zukunft all Bierger hei am Land op nohalteg Energiequelle kann ëmsteigen, och wa Kontrakter mat Energie-Liwweranten dëst blockéieren?
-
Am Hannergrond vun der Klimakris an der néideger Energietransitioun, wäert d’Regierung mat Südenergie souwéi aneren Energie-Liwweranten zesummekommen, fir besser Modalitéiten auszeschaffen, fir dass Clientë méi einfach aus hiren ale Kontrakter erauskommen?
QP Nummer 6192