Connect with us

Gemengen & Innepolitik

Comité de Prévention communal

Am Policegesetz vum 18te Juli 2018 gouf mam Artikel 38 de Comité de Prévention communal geschaf. Dëse Comité ass dofir do, fir de permanente Kontakt tëschent der Police an der Gemeng ze verbesseren, fir dass d’Informatiounen tëschent béiden Institutioune besser fléisse kënnen. Den Artikel 38 erlaabt, dass nieft dem Buergermeeschter och Schäffen a Gemengeconseillere kënnen am Comité vertruede sinn. Wärend de Buergermeeschter duerch d’Gesetz een direkt Urecht op ee Sëtz am comité huet, hänkt et bei deenen anere Membere vun de Gemengevertrieder dovunner of, ob  dat am Interessi vum Buergermeeschter ass, well de Wuertlaut vum Artikel beseet: „les échevins ou conseillers communaux éventuellement désignés par les bourgmestres“. Esou kënnt et vir, dass verschidde Gemenge guer keng Vertrieder vun der Oppositioun eraloossen, wärend aner Gemenge méi demokratescht Verständnis beweisen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Comités de prévention communal existéieren zur Zäit hei am Land?

  2. A wéi ville Comitéë si Gemengeconseilleren vertrueden a wéi vill sinn et der insgesamt?

  3. Wéi vill vun de Gemengeconseilleren, déi an an dëse Comitéë vertruede sinn, gehéieren net enger Majoritéit an engem Gemengerot un (ausgoend dovunner, dass se aus enger Proporz-Gemeng stamen)?

  4. Wéi eng Méiglechkeeten hunn d’Memberen am Gemengerot, fir kënne Vertrieder am Comité de prévention communal ze ginn?

  5. Hunn d’Memberen am Gemengerot een Informatiounsrecht op d’Inhalter a Rapporten, déi am Comité de prévention communal beschwat ginn ?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6479

Continue Reading