Connect with us

Gemengen & Innepolitik

Falsch Ugaben beim Wunnsëtz vun Gemengepolitiker

Wéi d’Wort de 6ten Oktober mellt, ass d’Gemeng Réimech Gerüchter zum Wunnsëtz vun 3 Gemengeconseilleren nogaangen. Ee Gemengepolitiker muss an der Gemeng wunnen an der en säi Mandat ausüübt. D’Police huet enquêtéiert. Wéi d’Wort schréift:

„Der Remicher Schöffenrat ging den offiziellen Weg und ließ den Wohnort der drei Gemeinderatsmitglieder von der Polizei überprüfen. Die Beamten klingelten an den betreffenden Adressen und besichtigten die Wohnungen, sofern sie die Gemeindepolitiker antrafen. Das Ergebnis der Nachforschung: Bei Rat Daniel Frères kam die Polizei zu der Einschätzung, dass er wirklich in Remich wohnt. Bei Ben Wagener und Sergio Prado blieben Zweifel. […] Zumindest im letzten Fall erübrigen sich weitere Ermittlungen. Sergio Prado gab am vergangenen Freitag bekannt, dass er nach Grevenmacher umgezogen sei und reichte seinen Rücktritt aus dem Gemeinderat ein.“ 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert d’Inneministesch hei d’Justiz aschalte wéinst méiglechem Verstouss géint d’Artikelen 192 an 193bis vum Walgesetz déi méiglech Strofe vu bis zu 5’000€ an engem Joer Prisong virgesinn?

  2. Wäert d’Inneministesch hei d’Justiz aschalte wéinst engem méigleche Verstouss vum Gesetz vum 19ten Juni 2013, wéinst enger ze spéider Deklaratioun d’Entrée bei der Gemeng Gréiwemaacher?

  3. Wäert d’Ministesch hei kontrolléieren, ob dëse Gemengeconseiller net méiglecherweis fälschlecherweis Jetonen ausbezuelt kritt huet, déi en net méi ze gutt gehat hätt respektiv ze gutt huet?

  4. Wäerte Votten am Réimecher Gemengerot musse widderholl ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6975

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert