Connect with us

Gemengen & Innepolitik

Héichwaasserschied zu Iechternach am Park

Den 13.07.22 gouf am Lëtzebuerger Wort en Artikel publizéiert, an deem d’Gemeng Iechternach dem Kulturministère virwerft, no den Iwwerschwemmunge vum leschte Joer net séier genuch reagéiert ze hunn a bis haut wichteg Renovatiounen auszebremsen. Konkret geet et ëm den denkmalgeschützte Park vun der Gemeng, an deem et schwéier Iwwerschwemmungsschied gouf an dee bis haut net konnt a Stand gesat ginn, well de Kulturministère e Baustopp verhaangen huet. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Bis wéini plangt de Ministère déi fir den Denkmalschutz néideg historesch Etude am Iechternacher Park ofgeschloss ze hunn?

  2. Firwat hëlt dësen Dossier esou vill Zäit an Usproch?

  3. Wat fir Elementer ginn an der historescher Etude vum Park evaluéiert?

  4. Wéi erkläert sech d’Regierung déi folgend d’Ausso vum Iechternacher Buergermeeschter: „Ich bin der Meinung, dass der Luxemburger Staat bei der Beseitigung der Hochwasserschäden katastrophal schlecht gearbeitet hat“? Wat plangt d’Regierung an Zukunft anescht ze maachen, fir d’Gemenge besser am Fall vu Renovatiounsaarbechten no Naturkatastrophen ze ënnerstëtzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6484

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert