Connect with us

Mobilitéit

Schantjer op der A13 an zu Éihlereng/Zolwer

Aktuell ginn op der A13 tëschent Éilereng an Déifferdeng Ënnerhaltsaarbechten duerchgefouert an dat nach bis den 13ten August. D’Autobunn ass vun 20h00 bis 5h00 op dëse Plazen a béid Richtunge gespaart. Gläichzäiteg ass och nach ee Schantje mat enger rouder Luucht um CR172 zu Éilereng/Zolwer – eng Route, déi vu ville Leit als Ausweichroute benotzt gëtt, fir an de Südweste vum Land ze kommen. Déi zwee Schantjer suergen dofir, dass owes op där Plaz vill Trafic entsteet, wat bei den Automobilisten, mee och bei den Awunner op Onverständnis trëfft.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat gouf decidéiert, zousätzlech zum Schantjen zu Éilereng/Zolwer nach ee Schantjen op der A13 opzemaachen?

  2. Wéi geet de Mobilitéitsministere grondsätzlech vir, fir ze verhënneren, dass Ëmleedungen iwwert aner Schantercher féieren an esou den Trafic op den Ëmleedunge verdichten?

 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6495

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert