Connect with us

Integratioun

Méi Personal fir d’Offices sociaux?

Zënter 2009 hunn d’Ongläichheeten an d’Aarmut hei am Land zougeholl. Sou ass den Taux vum Aarmutsrisiko, den Donnéeë vun Eurostat no, zënter 2010 bis haut ëm ronn 3 Prozentpunkten an d’Luucht gaangen. Déi selwecht Entwécklung gesäit ee bei den Zuele vum Aarmutsrisiko, nodeems Sozialtransferte gemaach goufen. Ee vun den Haaptgrënn ass warscheinlech, dass d’Logementskäschten hautzedaags vill méi an d’Geld schloen, wéi dat nach virun 10 Joer de Fall war. D’Zuele vun Eurostat weisen och hei eng Erhéijung vun 3 Prozentpunkten, wat d’Part vum Logement am verfügbaren Akommes betrëfft. Am Artikel 23 vum Gesetz vum 18ten Dezember 2009 iwwert d’Sozialhëllefen ass virgesinn, dass de Staat an d’Gemengen d’Käschte vum Office social 50/50 iwwerhuelen. Dës Ënnerstëtzung gouf am Gesetz esou limitéiert, dass d’maximal Bäihëllef eng Aarbechtsplaz pro 6000 Awunner an enger Gemeng fir d’Personnel d’encadrement ëmfaasst an eng Hallef Aarbechtsplaz fir d’administratiivt Personal. Zënter 2009 ass awer och d’Bevëlkerung am Land ëm 150000 Persoune gewuess – also 30% Bevëlkerungswuesstem. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Ministesch der Meenung, dass d’finanziell Bäihëllef vum Artikel 23 vum Gesetz vun 2009, ugesiichts vun der Zounam vun de sozialen Ongläichheeten, nach ugepasst ass?

  2. Wäert d’Regierung dës Legislaturperiod Upassungen um Bäitragsschlëssel maachen, fir dass d’Office sociaux méi Ressourcen zur Verfügung gestallt kréien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6502

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert