Gläichberechtegung
Mangel u PMR-Parkplazen beim neie Futtballstadioun
De 25te September gouf de neie Futtball- a Rugbystadion zu Lëtzebuerg ageweit. Zanterdeem ass de Stadion och scho fir verschidden Eventer benotzt ginn, sou och beim leschte Lännermatch vun der lëtzebuergescher Futtballnationalekipp géint Irland. Wéi mer awer vun e puer betraffene Persoune matgedeelt gouf, wieren zur Zäit wéineg Parkplaze fir Persoune mat kierperleche Beanträchtegungen um Site disponibel. Wéi een an der Beschreiwung vum Stadion (Editeur: Ville de Luxembourg, September 2021) noliese kann, wieren um oppene Parking insgesamt 228 Parkplazen, wouvunner ganzer 6 Stéck (2,6%) fir Persoune mat enger Beanträchtegung reservéiert sinn. De Sportsministère huet de Bau vum Stadion mat 40 Milliounen Euro matfinanzéiert.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ass virgesinn, dass an Zukunft méi PMR-Parkplaze virum Stadion wäerten zur Verfügung stoen, wëssend, dass am Parkhaus eng 50 PMR-Sëtzplaze virgesi sinn?
-
Wéi vill Platze ware beim leschte Lännermatch tëschent Lëtzebuerg an Irland fir VIPen reservéiert?
QP Nummer 5266