Här President,
Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Ëffentlechen Déngscht & Interieur weiderzeleeden.
An deem Zesummenhang wëlle mir der Madamm Ministesch dës Fro(en) stellen:
-
Ginn déi 5% an all Gemeng respektéiert?
Falls nee, ëm wéi eng Gemengen handelt et sech heibäi a wéi vill Leit missten agestallt ginn, fir d’Quot z’erreechen? -
Kann d’Ministesch opschlësselen, wéi vill Prozent vun den Aarbechter an all Gemeng mat engem Statut handicapé agestallt goufen?
A ewéi enge Gemengen schaffen, prozentual gesinn, déi meeschte Leit mat engem Statut handicapé?
Fro n°3454
Et geng mech interesseiren ween deemols zoustänneg war deen den Conplement RMG vum RPGH ewechgeholl huet!