Familljepolitik
Campagne Gewalt kënnt net an d’Tut
A Kollaboratioun mat zwee Bäckerei-Betriber aus Lëtzebuerg huet de Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer d’Campagne „Gewalt kënnt net an d’Tut“ lancéiert. D’Zil ass et, d’Biergerinnen a Bierger op d’Thema vun der Gewalt doheem ze sensibiliséieren an op subtil Aart a Weis op d’Helpline Violence (+352 20 60 10 60) an de Site www.violence. lu opmierksam ze maachen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi laang wäert dës Campagne lafen? Wéi ee Budget huet de Ministère fir dës Campagne virgesinn?
-
Op Basis vu wéi enge Krittäre goufen d’Bäckereien eraus gesicht?
-
Wärend dëser Aktioun huet de Ministère och gratis Croissanten a Streiselen un Passante verdeelt. Huet et sech bei dëse Mëtschen ëm Bio-Mëtsche gehandelt?
-
Och op de soziale Medien huet de Ministère fir dës Campagne Reklamm gemaach. Op 2 vun 3 Fotoe gesäit een d’Ministesch. Fënnt d’Ministesch, dass dës Fotoen déi richteg waren, fir op d’Problematik vun der häuslecher Gewalt opmierksam ze maachen?
QP Nummer 5223