Familljepolitik
Betréiung an de Maison Relaisen
De 5te Mee war an der Chamber den ëffentlechen Debat zur Petitioun n°2061, déi Hëllefe fir Eltere gefuerdert huet, déi hier Kanner net an eng Maison Relais ginn. Am Kader vun dësem Debat, war d’Méiglechkeet ugeschwat ginn, fir ausrechnen ze loossen, wéi vill de Staat am Schnëtt fir d’Betreiung an enger Maison Relais fir ee Kand bezuelt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kënnen d’Ministere mir eng Estimatioun ginn, op wéi vill sech d’Fonctionnementskäschte vun enger Maison Relais an enger grousser Gemeng (iwwer 10’000 Awunner) chiffréieren?
-
Wat fir een Montant pro Kand géing sech hei eraus erginn?
-
Kënnen d’Ministesche mir eng Estimatioun ginn, op wéi vill sech d’Fonctionnementskäschte vun enger Maison Relais an enger grousser Gemeng (ënner 10’000 Awunner) chiffréieren?
-
Wat fir een Montant pro Kand géing sech hei eraus erginn?
-
Wéi vill Kanner stinn op Waardelëschten fir eng Plaz an enger ëffentlecher Maison Relais?
QP Nummer 6162