Familljepolitik
Congé parental am Fall vun engem Doud vum Kand

Am Gesetz ass virgesinn, dass en Elterendeel am Fall vum Doud vun engem Kand wärend dem Congé parental maximal e Mount Zäit huet, fir nees schaffen ze goen. Zënter 2016 goufen et 9 där Fäll, wéi déi deemoleg Familljeministesch 2022 op d’parlamentaresch Fro 7149 geäntwert hat.
Am tragesche Fall vum Doud vun engem Kand wier et sënnvoll, dass d’Eltere weider doheem kéinte bléiwen, bis de Congé parental eriwwer ass, fir sécherzestellen, dass d’Elteren Zäit hunn de Verloscht ze verschaffen an déi néideg psychologesch Betreiung kënnen ze notzen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
-
Wäert dës Regierung eng Ännerung virhuelen, fir dës Dispositioun am Gesetz z’änneren?
Falls nee, firwat hält d’Regierung hei dru fest?
QP Nummer 1928
QP Nummer 7149