Connect with us

Familljepolitik

Motioun fir d’Gesetzeslag fir e Gebuertshaus ze klären

Déi folgend Motioun gouf vum Marc Goergen wärend der Aktualitéitsstonn iwwert Gewalt an der Gynekologie a bei der Gebuertshëllef deposéiert.

D’Motioun gouf vun der Chamber an déi zoustänneg Kommissioun verwisen.

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • D’Hiewanskonscht ass zanter dem 29. Juli 2019 am nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg ageschriwwen;
  • Eist Nopeschland Däitschland setzt säit iwwert 25 Joer op d’Gebuertshaus ënnert der Leedung vun Hiewannen als alternativ zum Spidol fir natierlech Gebuerten an huet haut 150 Gebuertshaiser iwwert d’Land verdeelt;
  • Och a Frankräich an an der Belsch hu rezent méi Gebuertshaiser opgemaach;
  • Den 1.02.2022 gouf eng nei Nomenclature vun der CNS publizéiert, déi d’eegestänneg Aktivitéite vun den Hiewannen hei am Land erweidert huet;
  • Zu Lëtzebuerg dierfen Hiewannen vir- an nogebuertlech Berodung ubidden an och Hausgebuerte betreien a kënnen dës Servicer och iwwert d’CNS ofrechne loossen;
  • Ënnert der aktueller Gesetzgebung ass et den Hiewannen net méiglech hier lafend Käschten, wéi z.B. déi vum Stroum oder vum Waasser, déi an engem Gebuertshaus géifen ufalen, iwwert d’CNS ofrechnen ze loossen. Esou ass dovun auszegoen, dass eng Eegepartizipatioun vun de Mamme gefrot géif ginn, wann ënnert der aktueller Gesetzgebung géif e Gebuertshaus opgoen;
  • Lëtzebuerg setzt sech säit laangem dofir an eng Zwee-Klasse-Medezin ze vermeiden, wou gewësse Servicer Persoune virenthale bléiwen, déi se aus eegener Täsch bezuele kënnen;
  • Aktuell gëtt et zu Lëtzebuerg kee gesetzleche Kader, dee Qualitéitsstandarde fir Gebuertshaiser festhält.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. an Zesummenaarbecht mat de Representante vun den Hiewannen an der CNS ze ermëttelen, wéi eng Gesetzeslücken et aktuell bei de Gebuertshäiser gëtt;
  2. op Basis vun dësen Evaluatiounen Pisten auszeschaffen, déi assuréieren, dass mat enger zukünfteger Gesetzgebung d’Qualitéit vun de Servicer genee ewéi eng sécher Basis fir d’Prise en charge duerch d’CNS an de Gebuertshaiser garantéiert kënne ginn.
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert