Mobilitéit
Kee Warndräieck méi a Spuenien

Déi spuenesch Autoritéit fir den Traffic (DGT) huet decidéiert, dass ab dem 1te Januar 2026 d’Sécherheetsdräieck an den Autoen verschwënnt an duerch eng Warnluucht ersat gëtt, déi bei engem Accident mat engem Magnéit op den Auto plazéiert gëtt.
D’Decisioun gouf geholl, well 2022 eng 42 Persounen an Accidenter verwéckelt waren, well si aus dem Auto geklomme sinn. D’spuenesch Autoritéit informéiert weider, dass fir Automobilisten aus dem Ausland d’Warndräieck weiderhi ka genotzt ginn an equivalent ass zu der Warnluucht.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
-
Wäert och Lëtzebuerg de Wee goen, fir dës Warnluucht hei am Land obligatoresch ze maachen?
• Falls nee, firwat net?
• Falls jo, bis wéini?
QP Nummer 1924