Connect with us

Aarbecht

Sonderstatut vum CFL-Personal

D’Rechter an d’Fliichte vum CFL-Personal ginn duerch ee Spezialgesetz vun 1920 gereegelt. Zënter méi wéi engem Joerhonnert gëllt dëse Sonderstatut mat senge ganz eegene Reegelen abseits vum Code du Travail an de Gesetzer vum Staatsbeamtestatut.

Reegelméisseg mécht de Staatsrot a sengen Avis’en (zum Beispill n°60.075 oder och 60.421) zu groussherzogleche Reglementer betreffend dem CFL-Statut de Constat, dass déi legal Basis, déi de Sonderstatut vum CFL-Bedénschtete reegelt, net duergeet. De Sonderstatut an d’Assimiléierung vum CFL-Bedéngschteten un de Fonctionnaires-Statut si juristesch gesinn net kloer. Sinn CFL-Mataarbechter eng Zort Fonctionnairen mat alle Rechter a Fliichten? Oder sinn se et net?

Et gëtt virun allem bemängelt, dass d’Regierung laut eiser Verfassung guer net d’Kompetenzen hätt, fir de gesamte Statut an engem groussherzogleche Reglement festzehalen, well d’Grenzen vun de Méiglechkeete vum Artikel 32 vun eiser Verfassung iwwerschratt wieren. Doraus kann ee schléissen, dass d’Chamber als Legislateur de Statut muss iwwert ee Gesetz reegelen. D’Gesetz vun 1920 misst iwwerschafft oder ersat ginn.

Beim CFL-Personal zirkuléiert zënter enger Zäit d’Gerücht, dass Pläng bestinn, fir d’Personal bei den CFL an d’Fonction publique anzeglidderen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister bestätegen oder ausschléissen, dass aktuell geplangt gëtt, fir d’CFL-Personal an d’Fonction publique anzeglidderen?

  2. Sinn Ännerungen um Spezialstatut vum CFL-Personal geplangt a falls jo, wat wäert sech an noer Zukunft änneren?

  3. Huet d’Regierung d’Bestriewung, fir den Eisebunnerstatut un dee vum Staats- respektiv Gemengebeamten unzepassen?
    Falls net, wéi eng Virdeeler versprécht sech d’Regierung vun dësem Statut par Rapport zum Statut vun de Staats- respektiv Gemengebeamten?

  4. Wäert de groussherzogleche Reglement an Zukunft duerch ee Gesetz vu Regierungs-Säit ersat ginn? Falls nee, firwat wëll d’Regierung net op déi Schinn goen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5944

Äntwert

 

„Sou wei bei der éischter Fro schons bemierkt, den aktuellen Programme gouvernemental geseit dëst net vir, mee eng nächst Regierung wäert sech mussen dëser Fro sécher unhuelen.“ 

D’Äntwert vum Minister gläicht enger Kapitulatioun a weist, dass dës Regierung keng Visioune a keng Loscht méi huet, fir an dëser Legislatur d’Situatioun vun den dausende CFL-Mataarbechter ze verbesseren.

Fir eis Piraten muss den CFL-Statut esou schnell wéi méiglech iwwert ee Spezialgesetz gereegelt ginn. CFL dierf net privatiséiert an d’Aarbechtskonditioune vun den CFL-Bedéngschteten dierfen sech net verschlechteren!

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert