Connect with us

Logement

Indexéierung vu Loyeren beim Fonds du Logement

De leschte Berechnunge vum STATEC no (4te Mee 2022) kéint déi nächst Indextranche scho bannent deene nächste Méint falen. D’Indexéierung vun de Gehälter ass eng Kompenséierungsmoossnam fir de Kafkraaftverloscht no der Inflatioun (ex-post) ze kompenséieren. Elo ass et awer esou, dass verschidden Institutiounen an Organisatiounen de Präis vun hiren Déngschtleeschtungen un den Index knäppen. Esou zum Beispill beim Fonds du Logement, wou d’Loyeren och zu engem Deel mat all Indextranche erhéicht ginn, esou wéi dat am ofgeännerte groussherzogleche Reglement vum 16ten November 1998 virgeschriwwen ass.  D’Locataire vu Sozialwunnenge si Persounen, déi finanziell schwaach opgestallt sinn. E puer Euro de Mount bedäite fir dës Leit vill Geld. De Fonds du Logement kéint deene Mënsche hier finanziell Situatioun liicht opwäerten, wann de Loyer net indexéiert wier. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persounen bezéien aktuell eng Sozialwunneng vum Fonds du Logement?  Wéi huet sech dës Zuehl zënter 2017 entwéckelt?

  2. Wéi vill Euro Loyer hëllt de Fonds du Logement duerch déi lescht Indextranche zousätzlech an?

  3. Wéi vill Euro géif et de Staat pro Indextranche kaschten, wann een d’Loyeren bei Sozialwunnengen an Zukunft einfach net méi indexéiere géif?

  4. Wäert d’Regierung d’Indexéierung vum Loyer bei Sozialwunnengen bis zum Enn vun hierer Amtszäit weider oprecht erhalen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6177

Continue Reading