Aarbecht
Hors-cadres CFL

Iwwert 5.000 Persoune schaffe bei den CFL mam Zil, fir Lëtzebuerg um Rullen ze halen. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°949 hat d’Ministesch méi detailléiert Donnéeën iwwert d’Personalsituatioun bei den CFL geliwwert. Wärend d’Gesamtbeleegschaft ëm 8% (ronn 400 Leit) gewuess ass, fält d’Kategorie „Hors Statut CFL“ op, wou a véier Jore ronn 66% Wuesstum ze gesinn ass (vun 127 op 211 Persounen).
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Hors-cadres sinn aktuell bei den CFL agestallt?
Wéi eng Aarbechtskonditiounen applizéieren sech op dës Personalkategorie?
Wéi ass den iwwerproportionale Wuesstum vun 66% op véier Joer z’erklären?
Kann d’Ministesch déi gesamt Remuneratiounskäschten fir déi verschidde Karriäre bei den CFL oplëschten, dëst fir d’Joren 2020 an 2024?
QP Nummer 2111