Aarbecht
Hors-cadres bei den CFL

Iwwert 5.000 Persoune schaffe bei den CFL mam Zil, fir Lëtzebuerg um Rullen ze halen. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°949 hat d’Ministesch méi detailléiert Donnéeën iwwert d’Personalsituatioun bei den CFL geliwwert. Wärend d’Gesamtbeleegschaft ëm 8% (ronn 400 Leit) gewuess ass, fält d’Kategorie „Hors Statut CFL“ op, wou a véier Jore ronn 66% Wuesstum ze gesinn ass (vun 127 op 211 Persounen).
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Hors-cadres sinn aktuell bei den CFL agestallt?
-
Wéi eng Aarbechtskonditiounen applizéieren sech op dës Personalkategorie?
-
Wéi ass den iwwerproportionale Wuesstum vun 66% op véier Joer z’erklären?
-
Kann d’Ministesch déi gesamt Remuneratiounskäschten fir déi verschidde Karriäre bei den CFL oplëschten, dëst fir d’Joren 2020 an 2024?
QP Nummer 2111
Nofro
Iwwert 5.000 Persoune schaffe bei den CFL mam Zil, fir Lëtzebuerg um Rullen ze halen.
An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°949 hat d’Ministesch méi detailléiert Donnéeën iwwert d’Personalsituatioun bei den CFL geliwwert.
Wärend d’Gesamtbeleegschaft ëm 8% (ronn 400 Leit) gewuess ass, fällt d’Kategorie “Hors Statut CFL” op, wou d’Belegschaft a véier Joer ëm ronn 75% gewuess ass (vun 127 op 223 Persounen).
An der Äntwert op meng lescht Fro n°2111 erkläert d’Ministesch, dass fir dës Mataarbechter
„déi selwecht Aarbechtskonditiounen applicabel [sinn] wéi beim Personal ënner dem „Statut du Personnel CFL“, ausser spezifesch am Aarbechtskontrakt gereegelt Bestëmmungen.“
D’Ministesch erkläert och, firwat d’Leit am Statut vum Hors-Cadre agestallt ginn:
„Dëse Wuesstum ass ze erklären duerch e verstäerkte Besoin am Kader vun de ville Projeten an der Infrastruktur, vum Ausbau an der Optimiséierung vum Service public a vun der Digitaliséierung an allen Aktivitéite vum Groupe CFL. Dës Entwécklung erfuerdert e verstäerkte Besoin un héich qualifizéierter Expertise an Féierungsfunktiounen.“
An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:
- Kann d’Ministesch d’Personalkäschten fir de Grupp Hors-Cadre fir 2020 an 2023 (an eventuell schonn 2024) oplëschten?
- Kann d’Ministesch d’Personalkäschten vun de verschiddene Karrièren beim den CFL (I,A, M, S, B) fir d’Joren 2020 an 2023 (an, wa méiglech, och schonn 2024) oplëschten?
- Wat ass déi duerchschnëttlech a median Anciennetéit vun de Persounen, éiert se an de Statut “Hors Cadre” promouvéiert/affektéiert ginn?
A wat war hire leschte Grad am CFL-Statut virun dëser Promotioun?- Bei wéi ville vun de Kontrakter vun den Hors-Cadres gëllen d’Aarbechtsschutzmoossnahmen souwéi d’Disziplinarprozedur vum CFL-Statut a wéi vill Kontrakter lafen iwwert dat normaalt Aarbechtsrecht (Code du Travail)?
- Wéi bewäert d’Ministesch den Aarbechtsschutz vum Salarié am CFL-Statut am Verglach mat deem vum Code du Travail?
- Ass d’Ministesch der Meenung, dass den CFL-Statut d’Salariéeë besser schützt? Falls nee, u wéi enge Krittäre mécht si dat fest?
- Wéi vill Persounen goufen tëschent 2019 an 2024 bei den CFL entlooss
- ënnert de Reegele vun Disziplinarmoossnamen, déi am CFL-Statut virgeschriwwe sinn ?
- op Basis vum Aarbechtsrecht?
Fro n°2271