Connect with us

Parlamentaresch Froen

Protection Unit: CFL Sécherheetsfirma mécht Schluss

Den LCGB huet matgedeelt, datt d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten astellt an ee Repreneur sicht. D’Firma schafft fir eng Villzuel u staatleche Verwaltungen, parastaatlechen Entreprisen a Spideeler zu Lëtzebuerg. Dës Nouvelle kënnt iwwerraschend, well nach den 1te Februar de Kontrakt mat den CFL erneiert gouf. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch Detailer zum neie Kontrakt virleeën, deen d’CFL mat der Firma Protection Unit ënnerschriwwen huet? Wéi eng Servicer gi genotzt, wéi vill bezilt d’CFL dofir a wéi laang geet de Kontrakt?

  2. Gouf et eng ëffentlech Ausschreiwung, bevir d’Kontraktverlängerung ënnerschriwwe gouf? Falls jo, ënnert wéi enge Referenznummer? Falls nee, firwat net?

  3. Wossten déi Verantwortlech vun den CFL beim Ënnerschreiwe vun der Kontraktverlängerung iwwert d’Pläng vu Protection Unit Bescheed, fir e puer Deeg drop beim Geriicht eng procédure de réorganisation unzefroen?

  4. Huet d’CFL virun der Vertragsverlängerung séchergestallt, dass d’Firma finanziell stabill ass? Falls nee, wäert dëst an Zukunft virum Ënnerschreiwe vun esou Kontrakter gemaach ginn?

  5. Wien iwwerhëllt elo di Missiounen vu Protection Unit a garantéiert d’Sécherheet bei den CFL?

  6. Wäert déi aktuell Situatioun d’Sécherheetslag bei den CFL beanträchtegen? 

  7. Wéi wäerten d’Aarbechtsplazen vun de Salariéeën bei Protection Unit, déi bei den CFL affektéiert sinn, geséchert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1906

Nofro

Am Februar gouf bekannt, dass d’Sécherheetsfirma Protection Unit, déi nach de Mount selwer ee Kontrakt mat den CFL verlängert hat, hir Aktivitéiten zu Lëtzebuerg géif astellen. 

Dës Situatioun huet vill Froen opgeworf, notamment firwat déi Responsabel bei den CFL bei der Kontraktverlängerung net Bescheed wossten oder et keng Roll gespillt huet, dass d’Firma puer Deeg drop beim Geriicht eng procédure de réorganisation géif ufroen. 

An der Äntwert op meng virëg parlamentaresch Fro Nr. 1906 huet d’Mobilitéitsministesch erkläert, dass d’CFL d’Situatioun mat hirem externe Sécherheetsdéngscht am A behalen an déi néideg Mesuren huelen, fir d’Sécherheet vu Voyageuren a Personal net ze gefärden.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Kann d’Ministesch präzis erklären, wéi eng konkret Servicer Protection Unit am Kader vum Kontrakt mam CFL ofdeckt (Zich, Garen, strategesch Plazen, mobil Missiounen, etc.)?
  2. Ginn et scho Reduktiounen oder Ausfäll an de Leeschtungen, déi d’Firma fir d’CFL prestéiert? Wa jo, wéini goufen dës observéiert a wéi goufen dës kompenséiert?
  3. Protection Unit hat de 4te Februar kommunizéiert, dass si schonn zënter Méint un engem Réckzuch aus dem Lëtzebuerger Maart schaffen. Kann d’Ministesch ausschléissen, dass d’Firma den CFL bewosst näischt iwwert déi wirtschaftlech Problemer matgedeelt huet an ass d’Déclaration d’Honneur deemno falsch?
  4. Wéi gesäit de sougenannte Plang B konkret aus, falls Protection Unit seng Missiounen net méi erfëlle kann? Wat geschitt bei enger Faillite? Wéi garantéiert CFL, dass d’Sécherheet ouni Ënnerbriechung assuréiert bleift?
  5. Wäerten d’Agenten vun Protection Unit direkt an eng CFL-Filial oder Deelstruktur integréiert ginn? Falls nee, firwat net?

Fro n°2267

CHD

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert