Questions parlementaires
Lëtzebuerger Wäiner um Pavillon zu Dubaï
D’Lounge am Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Dubai bitt niewent enger Selektioun u Lëtzebuerger Wäiner a Crémant och eng ganz Rëtsch Wäiner a Crémant aus anere Länner un.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Firwat ginn net nëmme Lëtzebuerger Produiten am Lëtzebuerger Pavillon verkaaft?
Fënnt de Minister, dass et net genuch Lëtzebuerger Produite ginn, déi een de Visiteure kéint ubidden ?
Wat fir Quantitéiten u Lëtzebuerger Wäiner a Crémant goufe fir de Pavillon akaaft? Wat fir Quantiéiten un auslännesche Produiten goufe fir de Pavillon akaaft?
Bei wéi engem Fournisseur goufen dës auslännesch Produiten akaaft?
QP Nummer 5226