Connect with us

Finanzen

Wéi funktionéieren d’Hëllefe fir Betriber a Covid-Zäiten?

Am vergaangene Joer hunn wéinst de Covid-19-Pandemie dausende vu Betriber hei am Land hier Aktivitéite fir eng laang Zäit missten astellen. D’Pertë fir 2020 sinn nach net ganz z’evaluéieren, mee et ass unzehuelen, dass vill Firme wäerten hier Plomme verluer hunn, virun allem a Branchen, wéi dem Evenementiel an dem HORECA. Als Kompensatioun hat d’Regierung verschiddene Gesetzer erlooss, fir de Betriber hier finanziell Ausfäll ze kompenséieren an se ofzesécheren. Vill Betriber si mat den Hëllefen awer ganz a guer net zefridden, well se éischtens d’Ausfäll net zu 100 Prozent ofdecken an d’Betriber esou trotzdeem op hire Käschte sëtze bleiwen a well de Staat bei den Iwwerweisunge vun den Hëllefen einfach vill ze lues ass an deemno Betriber vun hire Reserve liewe mussen, wann se iwwerhaapt d’Chance hunn, Reserven ze besëtzen. 

D’Inneministesch hat am Mee och eng Circulaire erausginn, fir d’Gemengen z’encouragéieren, de Betriber op hirem Territoire mat ëffentleche Mëttele finanziell ënnert d’Äerm ze gräifen, wann d’Hëllefen am kommunalen Interessi a mat den europäesche Reegele vun der fräier Maartwirtschaft vereenbar sinn. Verschidde Gemengen hunn dëst och gemaach, ma d’Resultat war, opgrond vun enger onklorer Formuléierung, net optimal an een Interessi war a verschiddene Fäll net z’erkennen. Esou gouf an der Gemeng Péiteng zum Beispill decidéiert, verschiddene Geschäfter de Loyer ze reduzéieren, och wa keen Impakt vum Covid op d’Aktivitéite vun der Firma z’erkenne war. Doriwwer eraus hunn déi Firmen, déi net drop baue konnten eng Gemeng als Propriétaire ze hunn, vu kengerlee esou Mesurë profitéiere kënnen, wat d’Fro vun enger gewëssener Willkür bei de Subsiden opgeworf huet.

An engem Pressecommuniqué vu gëschter hunn d’Vertrieder vum HORECA-Secteur d’Hëllefsmesuren vun der Regierung an de Gemengen an aller Däitlechkeet nach eng Keier d’Fairness vu verschiddene Coronahëllefen kritiséiert:

Malgré les meilleurs efforts de la Fédération de l’HORESCA, les aides gouvernementales actuellement accordées s’avèrent insuffisantes. […]
En l’état actuel, un exploitant locataire auprès d’une commune semble mieux traité qu’un locataire contractant avec un propriétaire différent.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Betreffend der Situatioun, wou Betriber, déi hier Gebailechkeete bei enger Gemeng lounen an eng Reduktioun vum Loyer accordéiert kruten:
    1. kann een an dësem Fall vun enger staatlecher Bäihëllef (also engem Subside) schwätzen, wëssend, datt vun engem Point de vue comptable, d’Gemeng op ee Produit (bzw. Recette) verzicht, déi engem Betrib seng Chargë reduzéiert?
    2. stellt dës Mesure ee finanzielle Virdeel géigeniwwer Locatairen am private Beräich duer, déi kengerlee Hëllef vun der Gemeng accordéiert kruten?
    3. gouf dat kommunaalt Interessi am Fall vun esou enger Decisioun respektéiert?
  2. Kënnen de Schäfferot a Buergermeeschter no Belieben eng Reduktioun vum Loyer accordéieren oder gëllen iergendwellech Krittären, déi mussen erfëllt ginn, fir dass eng Gemeng eenzel Hëllefen accordéieren däerf? 

    Gesinn d’Ministeren an dësem Fall de Risiko, datt d’Konkurrenzrecht esou duerch eng Hannerdier ënnergruewe kéint ginn, wa Gemengen ufänke géifen, am grousse Stil eenzel Firme Gebaier zu engem méi niddrege Loyer oder esou guer fir näischt ze verlounen? Falls nee, wéi eng Gesetzer verhënneren, dass duerch Favoritismus oder Vetternwirtschaft verschidde Firmen op engem Gemengenterritoire vum Schäfferot a Buergermeeschter bevirdeelegt ginn?
  3. Wéi schonns uewen erkläert, bréngt d’Reduktioun vum Loyer eng Reduktioun vun de Recettë vun enger Gemeng mat sech. Mussen d’Gemengen dësen Ausfall an iergendenger Aart a Weis an hirem Budget kompenséieren a falls jo, wéi?
  4. An engem spezifesche Fall krut ee Restauratiounsbetrib, deen enger Mammegesellschaft gehéiert, déi net nëmmen am Restauratiounsbetrib aktiv ass an 2019 Milliounen Euro Gewënn verzeechne konnt, och vun der Gemeng gehollef. 

    Wei gesinn d’Ministeren et, dass esou Mammegesellschaften, déi u sech genuch Reserve besëtzen an trotz Covid weider hire Geschäfter konnten nogoen, fir hier Duechtergesellschafte Reduktioune vum Loyer ufroen, déi u sech op Käschte vun der Allgemengheet bezuelt ginn?
  5. Wäert d’Regierung, am Hannergrond vum europäeschen a nationale Konkurrenzrecht, an Zukunft méi streng mat esou Hëllefsmesüren vu Gemengen ëmgoen a plangen d’Ministeren heizou ze legiferéieren? Falls nee, firwat net?

Fro Nummer 3455

Verlaf an der Chamber

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert