Connect with us

Bildung

Sinn d’Buffe vum Educatiounsministère ee gudde Schutz géint Covid?

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Bildung weiderzeleeden.

Am vergaangene Joer huet den Educatiounsministère am Kader vun der Covid-19-Pandemie eng Campagne lancéiert, déi all Kand mat engem Mondschutz a Form vun engem sougenannte „Buff“ ausgestatt huet.

Mëttlerweil ass bekannt, dass de Schutz, dee vun engem Buff oder enger Mask aus Stoff ausgeet, net esou héich ass ewéi dee vun enger chirurgescher Mask an och d’Association des Médecins et Médecins-dentistes du Grand-Duché de Luxembourg (AMMD) huet an hirer Prise de Position vum 19.12.2020 betount wéi wichteg et wär „en toutes circonstances le port de masque chirurgical dans les espaces publics et privés dès que des contacts auront lieu entre personnes ne vivant pas sous le même toit (en excluant son remplacement par des masques publicitaires ou en buff)“ ze imposéieren.

Grad a Schoulen, wou sech an de Gäng vill Leit begéinen an et net ëmmer méiglech ass eng Distanz vun 2m ze respektéieren, ass de Mondschutz eng wichteg Barrière fir d’Ausbreedung vum Virus ze limitéieren.

  1. Deelt de Minister d’Aschätzung, dass e Buff keng esou gutt Protektioun duerstellt ewéi eng chirurgesch Mask?

  2. Réit de Minister de Schüler an Enseignanten, trotzdeem weiderhin de Buff vum Educatiounsministère als Mondschutz ze benotzen?
  3. Wäert de Ministère e Réckruff fir d’Buffen maachen?
  4. Op wéi vill Euro belafen sech d’Käschten, déi duerch den Akaf an d’Verdeele vun de Buffen entstane sinn?
  5. Gouf beim Kaf vun de Buffen drop opgepasst, dass Materialien aus Fair-Trade-Produktiounen oder aus ökologeschen Hierstellungsprozesser zum Asaz koumen?

Fro n°3450

Verlaf an der Chamber

 

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert