Connect with us

Innepolitik&Gemengen

Sécherheetsfirmen am Garer Quartier, hëllefen elo privat Leit bei Festnamen?

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

An engem RTL Interview de 15.01 huet d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer erkläert, dass d’privat Sécherheetsfirma déi engagéiert gouf, fir am Garer Quartier fir méi een héischt Sécherheetsgefill ze suergen, verschiddene Poliziste bei Festname gehollef hätten, esou d’Buergermeeschtesch. Ganz konkret sot d’Lydie Polfer:

„Si hunn souguer mat Momenter der Police gehollef, wou ee Polizist a Schwieregkeete war, wou deen ee wollt ebe festhuelen, wou si gehollef hunn. An dat net nëmmen eng Kéier.“

An der Äntwert op meng Fro vum 27.11.2020 (n°3217) hunn d’Ministere geäntwert:

„Wat d’Fro zu de Befugnisser vun de Sécherheetsagenten ugeet, esou ginn déi net iwwert d’Befugnisser vum normale Bierger eraus.“

  1. Ass et also engem normale Bierger erlaabt, der Police bei Festnamen ze hëllefen?
    Falls jo, wéi dierft esou eng Hëllef ausgesinn?
    Falls nee, wei bewäert de Minister d’Handelen vun de Sécherheetsbeamten op der Staater Gare a wéi eng Konsequenzen wäert dës Aktioun mat sech zéihen?
  2. Huet de Minister Informatioune bei wéi ville Festnamen, een Employé vun der privater Sécherheetsfirma gehollef huet?
    Wéi hunn déi Hëllefen ausgesinn?

Fro n°3460

Verlaf an der Chamber

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert