Connect with us

Digitalisatioun & IT

Kaf vu Wueren mat Kryptowährungen

D’Valeur déi enger Kryptowärung zougesprach gëtt ass volatil. De bekanntsten „Coin“ – Bitcoin – huet 2020 een 3faches u Wäert gewonnen, war awer gläichzäiteg déif gefall nodeems een Amerikanesche Milliardär, d’Wärung als net nohalteg bezeechent huet. Trotz dëser Volatilitéit vum Wäert, kann een dovun Ausgoen, dass Persounen, déi fréi an dës digital Wärungen investéiert hunn, ee grousse Rendement gewonnen hunn. Eng Persoun déi 2012 10 Bitcoin fir ronn 50€ kaaft huet, kéint dës haut a ronn 400’000€ zréck tauschen. Mëttlerweil ginn et och ëmmer méi Produiten déi ee mat dësen digitale Wärunge ka kafen. Am New York Times Artikel „What Can You Actually Buy With Bitcoin?“, hunn d’Journalisten zu dësem Thema recherchéiert. Dat bekanntste Beispill, vu Produiten déi ee mat Krypto ka kafen ass wuel een Elektroauto mee mëttlerweil ginn et och Programmer, duerch déi een indirekt Saachen op Amazon ka mat Bitcoin oder aneren digitale Wärunge ka bezuelen an och éischt physesch Butteker déi dës als Bezuelungsmëttel unhuelen.  Esou kann et sinn dass eng Persoun sech fir wéineg Euroe vill „Coins“ kaaft huet a mat dësen herno ka Produite mat héijem Euro wäert bestellen an esou vill Geld spueren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Eng Persoun déi Wueren mam Beki keeft, muss se op dësem Afkaf nëmmen déi ufaalent TVA bezuelen. Gëllt dëst och fir den Afak vu Wueren mat Kryptowärungen? 

  2. Musse Privatpersounen a Betriber just op een eventuelle Gewënn beim Tausche vu Krypto op eng vun der Zentralbank unerkannte Wärung Steiere bezuelen an net wann si dës géint physesch Wueren ëmtauschen (zum Beispill een Tesla)?

  3. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4821 heescht et:  „Wat déi drëtt Fro vun den honorabelen Deputéierte ugeet, wann e Betrieb fir seng Wueren oder seng Servicer eng aner Konterpartie akzeptéiert wéi eng Währung fir déi d’europäesch Zentralbank ee Wiesselkuer fir den Euro festsetzt a publizéiert, da muss dës Konterpartie fir d’Zwecker vun der Comptabilitéit souwéi steierlech vum Commerçant no de gesetzlech festgeluechte Prinzippien evaluéiert ginn.“ Kann de Minister hei weider Detailer ginn?

  4. Kann de Minister ausschléissen, dass Persounen déi Wueren mat Kryptowärungen bezuelen an Zukunft mussen zousätzlech Stéieren op dës bezuelen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5269

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert