Connect with us

Questions parlementaires

Delai Booster Impfung fir Astrazeneca

De leschte Freiden, den 19.11.21, huet d’Regierung hiren Accord ginn, dass all Erwuessenen zu Lëtzebuerg sech ka „boostere“ loossen, d. h. eng gratis Opfrëschung vu senger Covid-Impfung kréie kann. Den Zäitpunkt vun der Booster-Impfung soll 6 Méint no der leschter Impfung leien. Eng nach net peer-reviewed Etüd aus Schweden mam Titel „Effectiveness of Covid-19 Vaccination Against Risk of Symptomatic Infection, Hospitalization, and Death Up to 9 Months: A Swedish Total-Population Cohort Study“ wéisst, dass d’Impfstoffer awer deelweis scho virum 6te Mount staark un Effektivitéit ofhuelen. Virun allem beim Vaccin vun AstraZeneca wier schonn no 4 Méint kee Schutz virun Infektioune méi moossbar (wärend de Schutz virun engem schweiere Verlaf awer Bestand huet). BioNTec läit zum Vergläich no 4 Méint no der 2ter Dosis nach bei ongeféier 50% Schutzwierkung géint eng symptomatesch Infektioun .

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Ministère Kenntnis vun der genannter Etüd?  Wéi schätzt si d’Fiabilitéit vun de Resultater vun de Fuerscher an?

  2. Falls d’Ministesch an hir Beroder d’Resultater vun dëser Etüd als fiabel aschätzen, soll den Zäitpunkt vun de Booster-Impfunge fir Persounen, déi mam Vaxzevria-Vaccin geimpft goufen, net deementspriechend no ënnen ugepasst ginn?

  3. Falls d’Ministesch um Delai vu 6 Méint festhält, kann si Erklärungen (Studien) ginn, déi den Delai vu 6 Méint erklären?

  4. Falls d’Ministesch an hir Beroder d’Resultater vun dëser Etüd als fiabel aschätzen, wäert dës een Afloss op de Covid-Check Regimm hunn?

Fro n°5283

 

D’Urgence vun der Fro gouf net unerkannt.

 

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5283

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert