Connect with us

Integratioun

Verweis vu Kanner aus ONA-Foyeren

Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen zu den Zuelen onbeäntwert bliwwen.
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1816 huet den zoustännege Minister fir Asyl geschriwwen:
“Am Kader vun der aktueller Diskussioun ronderëm d’Expulsioun vun enger Mamm mat zwee Kanner aus enger ONA-Struktur, ass ze soen, dass déi betraffe Famill direkt nees bis op Weideres e Bett am ONA-Reseau offréiert krut, wéi ech d’lescht Woch vun deem Fall a Kenntnis gesat gouf. ”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Kanner a Jugendlecher goufen an de leschte 4 Joren (opgelëscht no Joer) aus den Asylfoyeren verwisen?*
    *mat verwisen ass gemengt, dass d’Mannerjäreger net méi konnten zeréckgoen. D’Placéierung an ee Centre de Retour oder eng aner Struktur net ageschloss

  2. Wéi oft ass et an de leschte Jore virkomm, dass Familljen oder Kanner aus enger ONA-Struktur erausgeheit goufen an dës Decisioun erëm vum Minister revidéiert gouf? 

  3. Wéi oft ass et 2024 virkomm, dass Familljen oder Kanner aus enger ONA-Struktur an d’Maison de retour geschéckt goufen an dës Decisioun erëm vum Minister revidéiert gouf? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1888

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert