Connect with us

Gemengen & Innepolitik

Wunnreegel fir de Fräiwëllegendéngscht beim CGDIS

D’Fräiwëlleger beim CGDIS leeschten eng wäertvoll Aarbecht fir d’Allgemengheet. D’Bénévolen sinn dobäi oft am Bereetschaftsdéngscht oder kasernéiert, fir am Noutfall direkt a schnell kënnen anzegräifen. D’Bénévolen kréien fir dësen Déngscht och eng kleng Entschiedegung an Héicht vun 1€/Stonn fir eng Bereetschaft a vun 10€/Stonn wann si an der Kasär stationnéiert sinn. Et ginn awer och Fräiwëlleger beim CGDIS, déi aus Léift zum Déngscht während hierer normaler Bereetschaft an d’Kasär wëlle goen an op déi 10€ Kasäreprimm verzichten.  Wéi mir zougedroe gouf, gouf et elo bei der Organisatioun vum Volontariatskorps eng Reegelung, déi beseet, dass d’Bénévolen an den CIS musse goen, bei deem si am nooste wunnen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch bestätegen, dass eng entspriechend Reegel fir déi Fräiwëlleg beim CGDIS ageofuert gouf? Falls jo, gouf dës iergendwou schrëftlech festgehalen?

  2. Falls dës Reegel existéiert, wat ass de Mehrwäert vun dëser Moossnahm, wëssend, dass souwiesou eng schnell Agrëffstrupp zu all Zäitpunkt an der Kasär prett ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6786

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert