Connect with us

Digitalisatioun & IT

Erëm een Iwwerwaachungsskandal vun enger Regierung an Europa

A Griicheland huet de Regierungschef viru Kuerzem zouginn, dass een Oppositiounspolitiker souwéi ee Journalist an de vergaangene Méint vum griichesche Geheimdéngscht ofgelauschtert goufen. Et ass net déi éischte Kéier, dass Oppositiounspolitiker a Journalisten d’Muecht vun der Exekutive ze spiere kréien: de Skandal ronderëm de Staatstrojaner Pegasus huet gewisen, wéi Regierunge systematesch op Iwwerwaachungsmëttel géint d’Oppositioun kënnen zeréckgräifen, ob a Katalounien, Polen oder Ungarn. D’Muecht, fir een iwwert legal Mëttelen auszespionéieren, huet natierlech och ee gewëssent Aschüchterungspotenzial. Zu Lëtzebuerg huet de Geheimdéngscht, trotz dem neie Gesetz vun 2016, nach ëmmer vill Prärogativen, déi och vun der Exekutive genotzt kéinte ginn, fir politesch onerwënschte Persounen oder Acteure vun de Zivilgesellschaft auszespionéieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Goufen ënnert dem Premierminister Bettel senge Regierungen zënter 2013 Politiker (Deputéierten, Gemengerotsmemberen, Leit mat Parteiämter, Kandidate fir d’Walen) ofgelauschtert, iwwerwaacht oder verfollegt?

  2. Huet d’Justiz zënter 2013 Uweisunge ginn, fir Politiker (Deputéierten, Gemengerotsmemberen, Leit mat Parteiämter, Kandidaten fir d’Walen) ofzelauschteren, z’iwwerwaachen oder aneschters ze verfollegen?

  3. Hunn d’Justiz an d’Police zënter 2013 am Kader vun enger Duerchsichung E-Mailboxe vu Politiker (Deputéierten, Gemengerotsmemberen, Leit mat Parteiämter, Kandidate fir d’Walen) beschlagnaamt an duerchsicht oder op d’Vorratsdatespäicherung zeréckgegraff?

  4. Hu Ministeren an der Vergaangenheet hier Verwaltunge genotzt, fir politesch Persounen ze kontrolléieren oder ënner Drock ze setzen? Falls nee, wéi kann dat iwwerpréift ginn?

  5. Falls politesch Persounen an der Vergaangenheet kontrolléiert goufen, wat waren heifir d’Grënn? 

  6. Gräift de SREL am Kader vu senge Missiounen, wéi se am Gesetz vum 5te Juli 2016 festgehale sinn, op d’Vorratsdatespäicherung zeréck?

  7. Wéi ka séchergestallt ginn, dass eng Regierung hei am Land hier Muecht z’iwwerwaachen net mëssbraucht?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6644

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert