Connect with us

Natur, Ëmwelt & Klima

Verhënnerten Ëmbau op Wärmepompel

Mir gouf ee Fall zougedroen, wou eng Persoun an hirem Haus wollt d’Gasheizung duerch eng ëmweltfrëndlech Wärmepompel ersetze loossen, dëst awer duerch hire Kontrakt mat hirem Gasliwwerant verbuede krut. Et handelt sech dobäi awer net, wéi an der Fro n°6192 beschriwwen, ëm de Gasliwwerant Sudenergie, mee ëm een anere Liwwerant. 

Aus den Informatiounen, déi mer virleien, léisst sech erausliesen, dass dëse Liwwerant drop behaapt, dass ee ganze Lotissement mat enger Zentralheizung op Basis vu Holzpellets gehëtzt sollt ginn. Dësen Heizsystem ass awer nach net prett a gëtt zënter Joren „iwwergangsweis“ mat Gas gehëtzt, wat bei den aktuelle Gaspräisser fir d’Leit Rechnungen am Wäert vun honnerten Euro wäert bedeiten. D’Persounen an dësem Lotissement dierfen deemno net op eng Wärmepompel ëmsteigen a mussen esou laang, wéi de Pellet-Uewen nach net steet, op d’Gasheizung zeréckgräifen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Technologie ass, dem Energieminister no, méi ressourcëschounend an nohalteg: d’Wärmepompel oder d’Pelletheizung?

  2. A wéi enge Situatioune kënnen d’Leit aktuell dru gehënnert ginn, fir eng Wärmepompel bei sech doheem z’installéieren?

  3. Wéi vill Wunnengen hei am Land sinn aktuell an enger änlecher Situatioun, wéi déi an der Intro beschriwwene Fall, a bei deenen d’Besëtzer aus kontraktuelle Grënn keng Wärmepompel dierfen installéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6641

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert