Connect with us

Digitalisatioun & IT

Interferenzen vum 5G-Netz mat de Fluchradaren

Verschiddene Plattformen, dorënner aerotelegraph.com, aero.de an simpleflying.com, beriichten, dass verschidde Fluchgesellschaften hier Flich an d’USA fir de Moment agestallt hunn, well d’Landung, bedéngt duerch den Ausbau vum 5G-Netz, net zu 100% assuréiert ka ginn, speziell fir d’Boeing 777 a 747-8.

aerotelegraph beschreift an engem Artikel vum 16te Januar 2022 d’Problemer, déi sech dovunner ofleeden:
““Die Behörde nennt eine ganze Reihe von Systemen, die auf Daten der Radarhöhenmesser basieren und durch 5G gestört werden könnten: Autopilot-Flugleitsystem, automatische Schubregelung, Schubumkehr, Kollisionswarnung TCAS oder Bodenannäherungswarnsystem GPWS. Die Störungen könnten zu einer verminderten Bremsleistung, einer verlängerten Landestrecke und einem Verlassen der Landebahn führen […]“.”

Effektiv ginn et Diskussiounen tëscht der Loftfaahrtbranche an den Telekommunikatiounskonzerner, well d’5G-Antenne mat de Radarhöhenmesser um Fluchhafen interferéieren, wat zu Problemer bei de Landunge féiert. Well dëst gewosst ass, goufe ronderëm déi 50 gréisste Fluchhafen an den USA Pufferzonen opgeriicht, an deenen d’Leeschtung vun de 5G-Antenne gedrosselt gouf.

An Europa wier d’Ausgangslag eng aner, well de 5G hei aner Frequenzberäicher benotzt an d’Sendeleeschtung méi geréng ass. A Frankräich zum Beispill ginn nieft Pufferzonen d’Antennen anescht placéiert, fir d’Interferenzen ze reduzéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ass d’Situatioun zu Lëtzebuerg betreffend d’Interferenzen tëscht dem 5G-Netz an de Radarhöhenmesser um Findel? Ass séchergestallt, dass beim Ausbau vum 5G-Netz zu Lëtzebuerg verschidde Frequenze benotzt ginn?

  2. Ass och hei zu Lëtzebuerg eng Pufferzon, wéi se a Frankräich applizéiert gëtt, virgesinn?

  3. Wéi beaflosst déi aktuell Situatioun an den USA d’Aktivitéite vun der Cargolux, wëssend, dass hier 747-8F net méi kann dohinner fléien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5526

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert