Connect with us

Digitalisatioun & IT

Dateschutz am Fall Google Street View an aneren

Wéi d’Lëtzebuerger Wort den 19ten August mellt, ass Google am gaangen d’Biller fir hir Google Street View z’aktualiséieren. Esou wäerten dann erëm d’Autoen mat Kameraen duerch all eis Stroossen ënnerwee sinn. Dat féiert dann dozou, dass d’Facaden, d’Hausnummeren vun den Häiser grad ewéi Mënschen gefilmt wäerte ginn. Eréicht nodeems d’Biller vu Google publizéiert ginn, kann een dann ufroen, fir dass engem säin Terrain, Haus oder ee selwer onkenntlech gemaach ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi stinn d’Ministeren vun enger Verschärfung vum Dateschutz-Gesetz dohingehend, dass den Opt-out virum Filmen a Verëffentlechen vun de Biller soll geschéien?

  2. Wat réit de Minister de Biergerinnen a Bierger, fir hir Privatsphär an dësem Fall ze schützen?

  3. Ass et an der Vergaangenheet virkomm, dass d’Biller vun den TechGigante hei am Land genotzt goufen, fir Verbriechen ze begoen? Zum Beispill am Fall vun engem Abroch, Déifstaal oder Sonstegem?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6690

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert