Mobilitéit
Luetstatiounen, déi net uweisen wéi vill Stroum ee lued
Verschidde Luetstatiounen hei am Land weisen dem Client net un, wéi vill Stroum e gelueden huet. Deemno kann de Client net novollzéien, wéi vill Stroum en gezaapt huet, wat eng transparent Berechnung onméiglech mécht.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi eng Moossnamen an national Reegele suergen dofir – am Sënn vum Konsumenteschutz – dass de Client op enger Luetstatioun de Präis vun enger Charge op enger Luetstatioun muss duergeluecht kréien?
-
Wéi vill Luetstatiounen hei am Land weisen dem Client net wéi vill Stroum e gelueden huet? Sinn dës Luetstatiounen am Aklang mat eise Gesetzer an Normen?
-
U wien kënne Clienten sech, am Fall wou si sech bedru fillen, an dësem Fall wenden?
-
Mussen d’Luetstatiounen an Zukunft uweisen, wéi vill Stroum geluede gëtt?
QP Nummer 6804