Connect with us

Infrastruktur & Landentwécklung

Fluoreszéierend Stroossemarkéierung

Op de soziale Medie kurséiere Biller vun enger Firma, déi an Australien Stroossebunnmarkéierunge mat fluoreszendéierender Faarf hierstellen. De Prinzip vun dëser Faarf kennt ee vu Kannerspillsaachen: d’Faarf hëlt d’Luucht op a stéisst dës dann an der Donkelheet of an ass am Donkele gutt erkennbar.  De Prinzip ugewannt op d’Stroossemarkéierung bewierkt, dass dës an der Nuecht besser siichtbar sinn. Virun allem op Landstroossen, wou keng kënschtlech Beliichtung do ass, kéint dës Technologie hëllefen, fir d’Stroosse méi sécher ze maachen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ass et ënnert der aktueller Gesetzgebung méiglech, d’Stroossemarkéierunge mat dëser spezieller Faarf ze zeechnen? Falls nee, wéi eng gesetzlech Dispositioune verhënneren dat aktuell?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6801

*** d’Foto vun dësem Post hu mer op Facebook aus engem Bäitrag iwwerholl. Source
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert