Connect with us

Infrastruktur & Landentwécklung

Kaméidi bei der Ausfahrt Livange

Op der A3 ginn den Ament vill Aarbechten duerchgefouert. Dowéinst, a well et sech ëm eng héich frequentéiert Verkéiersachs handelt, ass d’A3 eng grouss Kaméidissource. Am Kader vum „Plan d’action contre le bruit environnemental“ ginn verschidde „Mesures Anti-Bruit“ virgesinn, vir Bierger a Biergerinnen virun den negative Folgen vum Kaméidi ze schützen. Am Kader vum Ausbau vun der A3 ginn zur Präventioun a Reduktioun vum Stroossekaméidi sougenannt „écrans acoustiques“ op der Héicht vun de Lokalitéite Beetebuerg, Peppeng, Léiweng, Bierchem a Béiweng ubruecht.  Zu Léiweng goufe mir awer elo vu verschiddene Bierger a Biergerinnen dorop opmierksam gemaach, dass opgrond vun der Proximitéit vun der Sortie zu de Wunnhaiser d’Belaaschtung vum Kaméidi immens staark wier. Op dëser Sortie wier keng Lärmschutzmauer ubruecht. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Gefierer ginn deeglech ronderëm d’Sortie Léiweng gezielt?

  2. Opgrond vu wéienge Krittäre gëtt decidéiert, dass d’Lärmschutzmauren eng adequat Moossnam zur Präventioun a Reduktioun vum Stroossekaméidi duerstellen?

  3. Béi wéi ville vun de genannte Lokalitéiten sinn och d’Sortie mat Lärmschutzmaueren equipéiert?

  4. Gëtt och virgesinn, d’Sortie zu Léiweng mat Lärmschutzmaueren auszestatten? Falls nee, wisou net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6336

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert