Connect with us

Mobilitéit

Autobunnsopfaart bei Schengen

D’Autobunnsopfaart bei Schengen fir op d’A13 stellt verschidden Transport- a Logistikfirme virun eng brenzeleg Situatioun. Esou kéinten, laut Ministère, verschidde Camionen dës Opfaart net notzen, well se duerch hiert d’Gewiicht keng Mindestgeschwindegkeet fir op d’Autobunn géingen erreechen. Mengen Informatiounen no wieren dës Camionen awer capabel, fir déi ugefuerdert Vitesse z’erreechen, missten heibäi awer bis déi nächst Opfaart duerch sëllegen Dierfer oder bis an Däitschland fueren, fir dann do op d’Autobunn ze kommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Stëmmt et, dass verschidden Transport- a Logistikfirme verbuede kruten, fir d’Opfaart Schengen ze benotzen? Wa jo, firwat?

  2. Wéi vill Camione schätzt de Minister si vun dësem Verbuet betraff a mussen doduerch Ëmweeër duerch d’Land oder an d’Ausland fueren?

  3. Säit Dezember 2021 ass op der A13 de Streckeradar aktiv.  Ass de Minister der Meenung, dass d’Geschwindegkeetsbegrenzung, déi duerch de Radar entsteet, wouduerch d’Vitesse tëscht den opfuerende Gefierer an deenen déi schonn op der Autobunn sinn an dëser Fro een neie Moment duerstellt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6331

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert