Mobilitéit
Manktem un AdBlue
Verschidden däitsch Medie mellen, dass d’Hiersteller vun AdBlue an Däitschland an Holland hir Produktioun gedrosselt, respektiv ganz agestallt hunn. AdBlue ass ee Produit, deen de Schuedstoffausstouss verréngert an ouni dee Camionen an och verschidde Busser an Trakteren net kënne fueren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wouhier kommen déi gréisste Quantitéiten un AdBlue, déi zu Lëtzebuerg verkaaft ginn?
-
Schonn am November 2021 war de Manktem un AdBlue een Thema an Däitschland. Huet de Minister Gespréicher mat sengem däitschen Homolog zu dësem Thema gehat? Wa jo, wat waren hei d’Resultater?
-
Gesäit de Minister hei am Land ee Risiko vu Versuergungsenkpäss?
-
Hunn déi betraffe Spediteuren, Busgesellschaften a Baueren nach Reserven? Wa jo, wéi laang géifen dës Reserven duergoen?
-
Huet de Lëtzebuerger Staat Reserven un AdBlue? Wa jo, wéi héich sinn dës Reserven? Wéi ginn dës Reserven am Noutfall verdeelt?
QP Nummer 6797