Connect with us

Infrastruktur & Landentwécklung

Accessibilitéit vun ëffentleche Luetstatiounen

Fir d’Co2-Emissiounen zu Lëtzebuerg ze reduzéieren, mussen d’Emissiounen aus dem Verkéier bis 2030 erofgoen. Dofir muss de Fuerpark op de Leescht geholl ginn: Verbrennungsmotore sollen duerch alternativ Technologien ersat ginn, déi op erneierbar Energië setzen, wéi zum Beispill d’Elektromobilitéit. 

D’Entwécklung vun der Elektromobilitéit setzt awer viraus, dass mer hei am Land (souwéi an Europa) effikass Opluetsinfrastrukturen hunn. Wien een Elektroauto huet, muss och schnell an ëmständlech eng Luetstatioun kënne fannen, fir net op der Strooss hänken ze bleiwen. 

Ugesiichts, dass d’Luet-Infrastrukturen hei nach an de Kannerschong sinn (wann ee bedenkt, dass nach eng honnertdausenden Elektroautoen an deenen nächste Joren op d’Strooss solle kommen) ass et wichteg, dass d’Notzer vun Elektrogefierer wëssen, wou déi nächst ëffentlech Luetstatioun disponibel ass. 

Verschidden Appe, wéi zum Beispill d’Chargy-App, weisen ëffentlech Luetstatiounen op Plazen un, déi um Privatterrain vun engem Proprietär stinn a wou d’Automobilisten deemno net einfach esou erafueren dierfen, well se z.B. hannert enger zouener Barrière stinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn och Luetstatiounen, déi op net accessiblen Terrainë stinn, als ëffentlech Statioune gezeechent? 

  2. Mellen d’Netzbedreiwer esou Luetstatiounen, wann se wëssen, dass se net fir d’Allgemengheet accessibel sinn?

  3. Ginn dës Bornen och an d’Statistiken zu den ëffentlechen Luetsttiounen matgezielt? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5776

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert